Posted on

Carole Thoma: D’Leit staark maachen

Ried vum Carole Thoma, Spriecherin vun déi Lénk um Kongress fir d’Gemengewahlen – 18. Juni 2017

[Den Text vun der Ried als PDF]

Als jonk Fra, déi sech fir Politik intresséiert, hunn ech an de leschte Wochen a Méint vill geléiert. Ech ginn néirens méi ouni Posch, well do trëllen laut LSAP nieft mengem Lëppestëft och meng politesch Iddien, déi ech leider net am Kapp behale kann. Meng Ried vun haut gouf des Kéier och frëndlecherweis nees vun engem männleche Ghostwriter geschriwwen. Ech krut vun der CSV eng Formatioun ugebueden, wéi ech mech unzedoen, auszedrécken an ze verhalen hunn. Well et ass net wat ech soen. Mä wéi ech et soen.
Elo, no laangem Üben a ville Berodunge vun erfuerene Leit, fillen ech mech prett, mäi politesche Kostüm unzedoen.

Kolleginnen a Kollegen,

Dat Ganzt kinnt witzeg sinn, wann et net esou dout serieux gemengt wier. Well dat ass d’Fraebild, dat haut, Joer 2017, am entwéckelte Lëtzebuerg an d’Gesellschaft gedroe gëtt. Mäer Frae ginn identifizéiert iwwer e Kussmond an eng rosa Posch. Mäer hu keng Inhalter a solle just anstänneg ausgesinn. Et ass traureg, dass déi zwou Volleksparteien hei am Land anscheinend esou fonctionnéieren an iwwerhaapt mol net schéngen anzegesinn, wou dobäi de Problem ass. Mä et ass skandaléis wann dat Bild souguer vum Ministère fir Gläichberechtegung, mat enger Fra un der Spëtzt no bausse bruet gëtt.
De Chancegläichheetsministère, MEGA genannt, huet, wann een et erofbrécht, näicht aneres ze dinn, wéi sech wäitleefeg mat Diskriminatioun a Sexismus auserneen ze setzen. An en entwéckelt dann eng Campagne, déi net géint sexistesch Viruerteeler virgeet, mä dovu selwer bal platzt. D’Fra – déi hallef Bevëlkerung gëtt iwwregens an all deene Campagnen einfach an een Dëppe geheit – d’Fra ass eng attraktiv, wäiss Businessfra an Talléckeschung an enger schwaarzer Jupe. Se intresséiert sech eigentlech just fir Poschen a Kleeder, wéi mer festgestallt hunn, mä och dat kann se net richteg, well am Videoclip vum MEGA brauch se dann natierlech awer Hëllef vun engem Mann. Mäer Frae kënnen eis esou schlecht decidéieren.

Et geet awer nach e bësse besser. Parallel zu deem fuerchtbare Video huet de MEGA nämlech och Plakater gemaach mat méi oder manner bekannte Perséinlechkeeten, déi méi oder manner gutt Grënn fonnt hunn, firwat sie sech fir Chancegläichheet asetzen.
Ënner deene 47 – ausnamslos wäisse – Persounen, déi d’Frae solle motivéieren, sech politesch ze engagéieren, sinn ganzer 15 och tatsächlech Fraen. Dat sinn 32 Prozent. Wann d’Gesetz zur 40% – Quotereegelung hei géif zielen, misst dem MEGA wuel de Budget gekierzt ginn.

Politik ass Gestaltung, a kee Kleedungsstéck.

Amplaz fir dat gutt Gewësse kontraproduktiv Campagnen ze maachen, brauch et Respekt a strukturell Verännerungen, déi den Zougang zum politeschen Engagement reell méi demokratesch gestalten. Oft wëlle sech Jonker, Fraen oder aner ënnerrepresentéiert Gruppen engagéieren mä hinne ginn onbewosst Sténg an de Wee geluet. Ech sinn dowéinst frou, dass eise GT Feministe eng Resolutioun mat ville konkrete Fuerderungen ausgeschafft huet, déi hoffentlech herno gestëmmt gëtt. Mäer mussen net d’Meedecher bei der Hand huelen. Mä d’Frae stuark maachen.

Kolleginnen a Kollegen,
Wann ech mech och de ganzen Dag kinnt driwwer opreegen, dass Sexismus nach esou déif am Alldag verankert ass dass e mol net méi vum zoustännege Ministère erkannt gëtt, wëll ech awer elo op enger méi positiver Note weiderfueren. Ech sinn zum Beispill frou, dass ech haut d’Chance hunn, grad hei zu Diddeleng ze schwätzen, wou ech jo selwer hierkommen. Diddeleng ass eng schéi Stad an als typesch Minettgemeng stolz op hier Vergangenheet an der Stolindustrie an doduerch dee multikulturellen Hannergrond. Iwwer 90 verschidde Nationalitéite liewen hei zesummen. An Diddeleng wiisst weider.

Dee Wuesstem huet awer seng Konsequenzen. D’Verkéiersberouegung klappt hei zum Beispill immens gutt – de Verkéier ass esou roueg, dass e gréisstendeels steet. An Diddeleng schéngt et och keng Oarmut ze ginn, zumindest net, wann een sech d’Logementspolitik ukuckt.

De Schäfferot wiert sech hei richteg dogéint, ëffentlech Sozialwunnéngen ze schafen. Dobäi kënne mer eis mat eise 35 Sozialwunnéngen op 20 000 Awunner wierklech net bretzen, an dat alles ënner ausnamslos sozialdemokratescher Féierung.
A wann den Här Bodry elo op eemol vun Enteegnung schwätzt, sollt en sech vläit selwer mol un der Nues huelen an iwwerleeën, firwat en dee Courage als Buergermeeschter net hat, obwuel him deemools jo schon déi néideg Instrumenter virlungen. Ëffentlecht Bauland gëtt bei der éischtbeschter Geleeënheet privatiséiert an d’Informatiounspolitik fir Locatairen ass esou grotteschlecht, dass déi obligatoresch Mietkommissioun nach net eng eenzeg Kéier zesumme geruff ginn ass. Jonker, wéi ech, déi hiert ganzt Liewen zu Diddeleng verbruet hunn, siche verzweiwelt no bezuelbarem Wunnraum.

Des Gemeng huet allerdings virun allem ee grousse Problem. Säit iwwer 70 Joer ass hei eng eenzeg Partei dauerhaft an enger absoluter Majoritéit. 70 Joer laang maache, wat ee wëll – ganz ouni sech musse mat lästege Koalitiounspartner oder sou erëm schloen. Dier kënnt iech mat Sécherheet virstellen, dass dat – an do ass et scho bal egal, wat dat fir eng Partei ass – seng Schwieregkeete mat sech bréngt. Mat der Zäit gëtt do de Parteinumm ëmmer méi grouss, mä Demokratie an Transparenz ëmmer méi kleng geschriwwen.

Kolleeginnen a Kolleegen,
Alles dat, wat ech elo opgezielt hunn, ass natierlech net op Diddeleng limitéiert. Quasi all Gemeng am Land kennt déi Problemer méi oder manner. Dowéinst hu mer als Lénk och dräi Resolutiounen an Oarbechtsgruppen ausgeschafft, déi herno virgestallt ginn a genau déi Sujeten behandelen: Stadentwécklung, Logement an Demokratie. Ech wëll de Riedner no mäer net virgräifen, sie wäerten d’Resolutiounen am Detail virstellen.
Mä allgemeng géif ech Folgendes soen: Mäer hunn, natierlech, och net déi perfekt Léisung zu all Problem. Mäer hunn Usätz, mäer hu Pisten, a wéi eng Richtung ee misst goen.

Virun allem awer wëlle mäer Politik anescht maachen.

Oft gëtt Gemengepolitik ugesinn als Sprangbriet fir an déi national Politik. Am Gemengerot an dono Schäfferot éischt Erfahrunge sammelen fir dann den Ofsprong an d’Chamber an d’Regierung ze packen. Dobäi ass Gemengepolitik méi wéi eng Übungswiss fir spéider Karrierspolitiker. Op lokalem Niveau entscheet sech vill méi wéi ee am éischte Moment denkt. A virun allem entscheede sech hei oft déi wichteg Saachen, déi Froen, déi vill Leit direkt betreffen. An dowéinst geet et och net duer, alles vun uewen erof ze decidéieren.

Leit, déi fir déi Lénk kandidéieren, maachen dat net aus Muechtgedanken. Mäer maachen net Politik fir Politik ze maachen. Mäer maache Politik, fir eppes konkret ze änneren. Fir d’Stëmm vun de Leit an d’Institutiounen eran ze droen.
Mäer wëllen awer net nëmme fir d’Leit do bausse schwätzen, mä mat hinnen. Dofir mussen d’Konditioune geschaf ginn.
Genau wéi bei der Ënnerrepresentatioun vun de Fraen geet et net duer, Rechter ze schafen.

Wat bréngt mer mäi Recht op Wunnen, wann ech kee bezuelbare Wunnraum fannen?
Wat bréngt d’Recht op Matbestëmmung wann ëmmer déi selwecht Leit opgrond vun Oarbechtszäit, Sproochekenntnis oder Familliesituatioun dann awer net kënne matmaachen?
D’Leit mussen och d’Méiglechkeet kréien, déi Rechter an Usproch ze huelen.
Dat heescht: d’Leit stuark maachen.

An all dat soll och eise Logo fir des Campagne duerstellen. Eist Häerz woar jo viru kuerzem schon am Gespréich well d’Delfinpartei sech bëssen drun inspiréiert hat. Woubäi ech mech froen, wat e blot Häerz symboliséiere soll, ausser sozial Keelt. Dobäi ass d’Häerz knallroud an et steet fir Stäerkt, déi vu banne kënnt. D’Häerz ass d’Pompel, déi d’Blutt an de ganze Kierper bréngt.

An déi Stäerkt kënnt matten aus der Gesellschaft a vun all eenzelnen Awunner.
D’Stäerkt vum Léierpersonal, dat d’Kanner op d’Liewe virbereet.
D’Stäerkt vum Pfleegepersonal, dat an Altersheemer a Spideeler weist, wat wierklech a praktesch Solidaritéit heescht.
D’Stäerkt vun eisen Net-Lëtzebuergeschen Noperen, déi zwar stur d‘ Wahlrecht op nationalem Plang verwiert kruten mä awer zum Gléck d’Recht hunn, an hirer Gemeng mat ze schwätzen.
D’Stäerkt vun all Fra, déi hier eegen Iwwerzeegungen huet an se net wéi e Kostüm wiessele muss.
Zesumme mat all deene Leit, mat Jonk an Al, mat jidderengem deen sech eng méi gerecht a solidaresch, eng méi ökologesch an transparent Gemeng wënscht brieche mäer den 8. Oktober all déi absolut Majoritéiten vum Status Quo.

Déi Majoritéiten, déi 70 Joer laang maache konnte, wat se wollten, wéi hei zu Diddeleng, an déi neoliberal Majoritéiten, déi, wéi an der Staadt, guer keng aner Visioun méi hunn wéi hier Gemeng an eng Spillwiss fir Superräicher ze verwandelen an hier eegen Awunner an déi kleng Geschäfter aus dem Staatkäer ze verdreiwen. Dofir trieden déi Lénk un. Fir d’Majoritéit aus all deenen anere Parteien ze briechen, déi guer net virhunn, d’Liewen an de Gemenge wierklech ze änneren.
Déi weiderhi keng Geleeënheet verpassen fir ëffentlech Servicer ze privatiséieren an déi ënner dem Begrëff Demokratie net méi verstinn, wéi all 6 Joer Wahlen duerchzeféieren.

LSAP, CSV, DP oder Gréng kinnt een oft einfach austauschen, ouni dass sech reell vill géing änneren.
Déi Lénk trieden un fir eng Politik, déi net vu Politiker am stillen Kämmerlein gemaach gëtt.
Mä vun de Leit alleguer zesummen an engem kollektive Prozess.

All eis Resolutiounen, déi mer elo diskutéiere wäerten, sou wéi eise Kader-Wahlprogramm, deen scho steet an eis lokal Programmer, un deene fläisseg geschafft gëtt zilen op eppes eraus. D’Leit stuark maachen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *