Posted on

Fraen staark maachen.

Muechtmonopoler ofbauen. D’Leit staark maachen.
Déi Betraffe selwer maachen déi bescht Politik an hirem Interessi. Dass d’Gemengen net méi demokratesch funktionéieren a Fraen um Gemengenniveau net genuch repräsentéiert sinn ass ee Probleem. Just 30% Kandidatinnen, 22% gewielte Fraen an 9% Buergermeeschteschen. Wien awer elo de Feeler bei de Frae selwer siche geet, andeems zB. op e mangelnden Interessi verweis, mécht et sech einfach a blent d’Realitéit aus.
Wat steet der Participatioun vun de Betraffene wierklech am Wee? 
Et ass kee Mangel un Interessi, mä e Mangel un Zäit. 
Et ass kee Mangel u Selbstbewosstsinn, mä e Mangel u Matsproocherechter. 
Et ass kee Mangel un Duerchsetzungsverméigen, mä e Mangel u Regelen, déi Gläichberechtegung schafen. 
Och un der Spëtzt vun de Gemenge kënnt et gär zu verfilzte Strukturen, an deenen e puer Wéineger d’Muecht monopoliséieren. Bei d’Privilegien an d’Netzwierker kënnt allze dacks nach déi kulturell bedéngten Diskriminatioun opgrond vum Geschlecht.
D’Zil vun déi Lénk ass et net just, méi Fraen un d’Muecht ze bréngen – mä virun allem Muecht anescht ze verdeelen. Mir wëlle verhënneren, dass Politik vun uewen erof gemaach gëtt an dofir d’Matsproochrecht stäerken. Dat mécht all déi Betraffen – a besonnesch d’Fraen – staark.
Frae sinn d’Basis vun de Gemengen
Den Aarbechtsalldag vu Frae spillt sech méi dacks op lokalem Niveau of. An der Grondschoul si vun den Enseignanten iwwer 80% Fraen. Och an de Gemengeverwaltunge sinn d’Fraen an der Majoritéit a kenne sech dowéinst beschtens mat de Besoine vun de Leit an de Gemengen aus. Zum Beispill si gutt 3/4 vun den Ugestallten an den Offices sociaux Fraen. D’Frae sinn och am soziale Liewen an de Gemengen engagéiert. An den Eltereréit vun de Schoulen sinn zum Beispill haaptsächlech Fraen. 
30% vun de Frae schaffen Deelzäit (just 6% vun de Männer). Dat féiert och mat dozou, dass d’Liewen an de Gemenge meeschtens vu Fraen organiséiert gëtt. Un Zäit feelt et trotzdeem herno de Fraen. Och bei gläicher Aarbechtszäit maache Fraen am Schnëtt méi wéi dat duebelt vun der Hausaarbecht.
Frae sinn net nëmme gutt lokal verankert, si gehéieren och zu deenen, déi am meeschte vu kommunaler Sozialpolitik betraff sinn. 44% vun den Allengerzéiende si vun Aarmutt betraff – a vun den Allengerzéiende sinn iwwer 80% Fraen. Ganz vill Frae schaffen am Niddreglounsecteur, a fir déi selwecht Aarbecht kréie Frae plazeweis nach ëmmer manner Loun wéi Männer. An de Gemenge gëtt och Sozialpolitik gemaach an eng sozial Wunnengspolitik ass de Schlëssel fir d’Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen. Et si besonnesch Fraen ouni Lëtzebuerger Pass, déi am meeschte vu soziale Problemer betraff sinn – an dat sinn och déi Persounen, déi nach am mannsten an der Gemengepolitik vertruede sinn. 
Frae staark maachen
Et gëtt also e groussen Engagement, e grousst Wëssen a Potential bei deene Leit, déi am Moment net genuch vertruede sinn. Et gëtt och e grousse Besoin fir politesch Representatioun an eng Politik fir déi Betraffen. Et gëllt op zwee Weeër gläichzäiteg ze setzen:
– Méi Fraen a wichteg Gremien an a Spëtzepositioune kréien an do stäerken.
– Méi Basisdemokratie schafen, Hierarchien ofbauen an d’Gemenge sozial maachen.
Demokratie stäerken:
Direkt Demokratie: Referenden op Gemengenniveau. E partizipative Gemengebudget.
Walen: All 5 amplaz just all 6 Joer Walen an de Gemengen. All d’AwunnerInnen ouni lëtzebuerger Pass invitéieren, wielen ze goen – ouni d’Hürd, sech virum Waldag aschreiwen ze musse. Walrecht ab 16.
Kommissiounen: Stäerkung a Kompetenzerweiderung vun de Gemengekommissiounen.
Eng sozial Gemeng stäerkt Fraen:
Wunnengsbau: Méi bezuelbare Wunnraum schafen duerch Besteierung vun eidele Wunnegen an duerch ëffentlech Investitiounen.
Betreiungsangeboter a Wunnen am Alter: En Ausbau an eng Stäerkung vun de Maisons relais an de Jugendhaiser, awer och vun den alternative Wunnformen am Alter.
Gemengeservicer: Gratis an an ëffentlecher Hand.
Representatioun vu Fraen a Chancegläichheet:
Institutiounen: Obligatoresch: Gläichstellungskommissiounen an alle Gemengen, kommunal Chancëgläichheetsservicer an alle grousse Gemengen a regional Servicer an de klenge Gemengen. E legale Kader fir d’Chancëgläichheetsservicer mat kloere Missiounen.
Representatioun: Paritéitesch Besetzung vun alle Gemengekommissiounen.
Genderbudgeting: E Gemengebudget, deen och op Gläichstellung ausgeriicht ass.
Intern Regele vun déi Lénk:
Quot: 50% Fraen op de Wal-Lëschten – och an de Gemengen als Zil.
Rotatioun: An der Halschent vun der Legislaturperiod gëtt déi gewielte Persoun mat der nächstgewielter ausgetosch – doduerch verhënnere mir Muechtkonzentratioun.
Teamaarbecht: D’Gemengesektioune schaffen autonom an am Team.

One comment Fraen staark maachen.

  1. “Rotatioun: An der Halschent vun der Legislaturperiod gëtt déi gewielte Persoun mat der nächstgewielter ausgetosch – doduerch verhënnere mir Muechtkonzentratioun.”
    Matt der nächstgewielter Fra.
    Dat wier mol éng konkret Aktioun!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *