Deng Interessie sinn och déi vun de Leit ronderëm dech. Mat deenen allermeeschte Leit deels du an ärer Gemeng Suergen, Erfahrungen an Ziler. D’Leit staark maache mécht dech och selwer staark.
Pressekonferenz – 3 Prioritéiten an 8 Lëschten fir d’Gemengewahlen
Fir d’Gemengewahlen 2017 proposéiert déi Lénk e kohärenten a glafwierdege Programm, dee ronderëm dräi zentral Themen opgebaut ass: eng Demokratiséierung vun den Entscheedungsprozesser, der Schafung vu bezuelbarem Wunnraum an eng Gemengeplanung, déi op eng sozial an ökologesch Entwécklung. Mat 145 Kandidatinnen a Kandidaten an 8 Gemengen proposéiert déi Lénk eng wierklech Alternative fir ronn 250.000 Awunnerinnen an Awunner.